50 Flüchtlinge kommen op Lëtzebuerg
Op Initiative vun Däitschland gi Flüchtingen an europäesche Länner verdeelt. An enger éischter Phase solle 50 Mënschen an der Weilerbaach ënnerkommen. Kuerzfristeg solle weider Strukture geschafe ginn.
ëtzebuerg hëlt 50 Flüchtlingen op, déi vun Ungarn an Däitschland geflücht sinn. Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel hätt de Premierminister Xavier Bettel - esou wéi aner europäesch Regierungschefen och - iwwer Telefon gefrot, ob Lëtzebuerg dozou bereet wär. Dat sot d’Familljen- an Integratiounsministerin Corinne Cahen am 100,7-Interview. 50 Leit wären der vill par Rapport zu der Lëtzebuerger Populatioun. D'Zuel vun deene Flüchtlingen, déi aus eegene Moyenen ukommen, wär momentan dräi mol méi héich, wéi an "normalen" Zäiten, sou d'Ministerin weider.
Éischt Statioun Weilerbaach
D'Corinne Cahen huet keng Informatiounen doriwwer, wéi eng Leit et konkret sinn, déi Lëtzebuerg wäert ophuelen. Et wär keen Tri gemaach ginn. "Mir hu 50 Better prett, a mir hunn och ee Bus prett fir se egal wouhinner sichen ze goen". An enger éischter Phase sollen d'Leit an der Weilerbaach opgeholl ginn. Déi syresch Famillen, déi am Foyer ënnerbruecht waren, sinn am Summer a verschidde Gemengen uechter d'Land verdeelt gi, fir eng besser Integratioun z'erméiglechen.
Et hätte sech ganz vill Benevoler gemellt fir ze hëllefen, virun allem Psychologen an Dokteren. Den Haaptproblem wär awer ëmmer d'Sprooch, sou d'Familljeministeerin. "Wat mir am dréngendste brauche sinn Interprèten, déi dat syrescht Arabesch kënnen op eng vun eise gängege Sproochen iwwersetzen." Sproochecourse sinn eng vun deenen éischte Mesuren, déi de Flüchtlingen d'Liewen zu Lëtzebuerg sollen erliichteren.
Infrastrukturen a Mëttele fir den Accueil
Den OLAI an den Haut commisssariat à la Protection nationale géife momentan no eidele Gebaier sichen, déi kuerzfristeg kéinte genotzt ginn. Soubal Léisunge fonnt gi wären, géif d'Ëffentlechkeet doriwwer informéiert ginn. "Et hunn och Gemenge sech spontan gemellt, mat deem engen oder anere Gebai wat se fräi hunn".
Privatleit, déi wéilten hëllefen, sollte sech benevol engagéieren an d'Flüchtlinge kenne léieren, ier si géifen decidéiere Mënschen doheem opzehuelen. "Et wëll ee jo net egal wee bei sech wunnen hunn", sou d'Corinne Cahen. "D'Chimie muss stëmmen." Gemeinsam Interesse géifen d'Integratioun erliichteren. Den Encadrement vu ville Flüchtlinge gläichzäiteg wär ausserdeem méi einfach, wa se a méi grousse Strukture géife liewen.
Wëllkommenskultur zu Lëtzebuerg
Dem Juncker-Quoteplang no, soll Lëtzebuerg an deenen nächsten zwee Joer zousätzlech 350 Flüchtlingen ophuelen. Donieft kéimen awer all Dag och Asyldemandeuren un, déi op eegen Initiative de Wee an de Grand-Duché fannen. D'Regierung wär sech eens, dass deene Leit, déi aus dem Krich kommen, misst gehollef ginn. "Dat ass eis Responsabilitéit, dat musse mir maachen an dat maache mir och."
D’Familljeministerin Corinne Cahen begréisst déi grouss Solidaritéit an Hëllefsbereetschaft, déi d’Lëtzebuerger aktuell fir d’Flüchtlinge manifestéieren. Permanent géife sech privat Leit bei Administratiounen an Organisatioune melle, fir kënnen ze hëllefen.
Dat ganzt Gespréich vum Mick Entringer mat der Familljen- an Integratiounsministerin Corinne Cahen:
