Testoffer 3G op der Aarbecht: Testoffer um Weekend ass begrenzt

Lëtzebuerg féiert dëse 15. Januar den obligatoreschen 3G op der Aarbecht an. Wien net geimpft oder geheelt ass, muss op der Schaff een negativen zertifiéierten Test virweise kënnen. Fir ongeimpft Méindes op d'Aarbecht ze kommen, muss ee sech a priori Méindes Moies oder Sonndes testen: d'Schnelltester sinn nämlech just 24 Stonnen gülteg. D'Méiglechkeete fir sech Sonndes testen ze loossen sinn awer begrenzt.

Isabel Scott / cz

Antigen Schnelltest
Foto: Bigstock / photographyos

Lauschteren

D'Apdikte wäerten Sonndes op de Garden keng Schnelltester am grousse Stil féieren, seet de President vum Aptikterverband Alain de Bourcy. D'Leit solle sech net op d'Apdikter verloossen déi dëse Sonndeg Garden hunn fir Schnelltester ze maachen, seet hien.

D'Apditker hätten net dat néidegt Personal dofir. De Sënn vun enger Garde fir et och fir an engem Noutfall fir e Client do ze sinn. Generell géif och d'Personal an den Apdikten zënter méi laangem un der Limitt schaffen.

Leit déi wéinst dem 3G-Regimm e Schnelltest brauchen, sollten dat bei den Privatlaboen maachen, esou dem Alain de Bourcy säi Rot.

Well de Samschdeg den 3G-Modell op der Aarbechtsplaz obligatoresch gëtt, erweideren d'Laboratoiren hir Testcapacitéiten. Bionext deelt mat, datt verschidden Testzentere vun dësem Weekend un och Sonndes op sinn, souwuel fir zertifizéiert Schnelltester wéi och fir PCR-Tester. Bei Laboratoires Réunis war et d'Informatioun datt si keng Sonndesplagen aféieren. Dofir gëtt et vun e Méindeg un eng nei Drive-in Statioun zu Käerjeng.

Méi zum Thema

CovidCheck
Corona-Mesuren

Vun dësem Samschdeg u gëllt an de Betriber den 3G-Prinzip fir all d'Mataarbechter. Fir Betriber mat dezentralen Aarbechtsplazen a wou d'Mataarbechter op Schichte schaffen, ass dat eng Erausfuerderung.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen