Kommentar zum neien Deontologiecodex

Wann d’Regierung an hirem Règlement grand-ducal net méi virgesäit wéi e Samschdeg annoncéiert, da gëtt se hirem Verspriechen net gerecht den Deontologiecodex ze verschäerfen, mengt d’Mick Entringer an engem Kommentar:

 

De neien Deontologiecodex, esou wéi en e Samschdeg erklärt gouf – en Text läit nach net vir, hätt méi ambitionéiert kéinte sinn. De Wiessel vu Politiker an d’Privatwirtschaft ass direkt méiglech. D’Oplag fir en Ex-Minister soll an Zukunft doranner bestoe säi „Minister-Wëssen“ während 2 Joer net fir de neien Employeur ze notzen. Eng wierklech Karenz Regelung déi de Wiessel an d’Wirtschaft fir e puer Joer ausschléisst ass net zréckbehal ginn.

Als Ofschreckung fir eng Interessevermëschung ass just virgesin, datt ee wirtschaftlecht geschiedegt Affer géint de fréiere Politiker an säin Employeur ka kloen. Dofir muss een d’éischt mol Beweiser a Moyen’en hunn. De Verdacht op eng Interessevermëschung, de potentiellen Interessekonflikt geet net duer fir e Wiessel ze verbidden. Och datt de Wiessel vu Politiker an d’Privatwirtschaft dem betraffene Staat, an net just Drëttpersoune ka schueden, gouf an der Presentatioun vum neien Deontologiecodex net considéréiert.

Virbild: EU-Kommissioun. Fir europäesch Kommissäre gëllt um Enn vun hirem Mandat eng Karenzzaït vun 18 Méint éier se an e Beräich schaffen däerfe goen, fir dee se als Kommissär zoustänneg waren. Dernieft muss e fréieren EU-Kommissar während deenen 18 Méint fir all remuneréiert oder gratis Aktivitéit d’Erlaabnis bei der Kommissioun ufroen. – An fir datt kéng materiell Nout entsteet (nom Argument och Ex-Politiker mussen iergendwéi hiert Geld verdéngen); gesäit d’EU fir datt fréier Kommissäre bis zu 3 Joer laang tëscht 40 a 65 Prozent vun hirem Grondgehalt als Iwerbréckungsgehalt kréien. A Konflikt gëtt en Ethikcomité ageschalt. Dee System gëllt als net perfekt, trotzdem gëtt en als gutt Ausgangsbasis considéréiert. An engem Guide vun der OECD iwwert gutt Praktiken an der Preventioun vun Interessekonflikter um Enn vu Mandater, ginn och nach aner Modeller zréckbehal wéi Staaten kenne virgoen.

Datt de geplangtene Deontologiecodex wéi en presentéiert gouf, vun engem grénge Minister staamt ass schonn erstaunlech. An Däitschland fuerdert d’Simone Peter Bundes-Virsetzend vun deene Gréngen, kloer Karenzzaïten bis zu 3 Joer – Esoulaang soll e kee Job aus dem selwechte Ressort däerfen unhuelen. A wéi passt de neie Codex zum Pressecommuniqué dee déi Gréng e Freideg verschéckt hunn, iwwert dem fréiere Finanzminister Luc Frieden säi Wiessel bei d’Deutsche Bank. Hai gëtt op den Deontologiecodex vun der vierëschter Regierung verwisen, deem no eng Frist vu 2 Joer virgesi wär, éier e fréiere Regierungsmember Beroderfunktiounen an enger Privatentreprise dierft unhuelen déi a säi fréiere Ministeschressort fält „et géing hei ëm d’Glafwierdegkeet vun der Politik goen“, schreiwen déi Gréng. Genee: Well am Biltgen-Codex ass nämlech virgesinn, datt - och am Fall vun engem eventuell negativen Avis vum Ethikcomité - den Ex-Minister um Enn mëscht wéi e wëll. Eng kloer Karenzregelung gëtt et net ënnert der Biltgen- a bis ewell och net ënnert der Braz-Regelung.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen