315-Milliarde-Plang: 35 lëtzebuerger Projete proposéiert

D'lëtzebuerger Regierung an d'EU-Kommissioun proposéiere 35 Projeten , déi via den 315-Milliarden-Euro-Investitiounsplang vun der Bréisseler Exekutive kéinte finanzéiert ginn. Dat geet aus dem Rapport vun engem Aarbechtsgrupp vu Memberstaten, Kommissioun an Europäescher Investitiounsbank ervir, deen d'EU-Finanzministeren haut zu Bréissel diskutéieren.

Ënnert de wichtegsten ëffentleche Projeten am Transport-Beräich ginn déi nei Zuchstreck Beetebuerg-Lëtzebuerg an de Stater Tram ernimmt. Am soziale Wunnengsbau gëtt d'Rekonversioun vun den Industriebroochen zu Diddeleng an zu Wolz proposéiert. Am Beräich vun der Energie ass et d'Energie-Effizienz bei Schoulgebaier oder d'Schafung vun enger sougenannter Klimabank. Ervir gehuewe gëtt am Rapport den Ausbau an d'Renovéierung vun Energienetzer, e private Projet vun der Firma CREOS, deen op 348 Milliounen Euro geschat gëtt.

Ee vun de Kritäre fir an d'Lëscht ze komme war deen, datt d'Projete relativ séier kéinten ëmgesat ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen