Handwierk AMELUX: Meeschterprüfung mam Bachelor gläichstellen

D'AMELUX fuerdert, datt d'Meeschterprüfung am Handwierk mam akademesche Bachelor-Diplom gläichgesat gëtt. Esou eng Opwäertung vum Diplom géif dem Handwierk zegutt kommen an d'Beruffsausbildung méi attraktiv maachen, erkläert de Christian Turk.

Maurice Molitor / cbi

Christian Turk
De Christian Turk ass President vun der AMELUX

D'Fuerderung wier net aus der Loft gegraff, seet de Christian Turk, President vun der Associatioun AMELUX:

"Mir hunn eis Aarbecht gemaach an d'Kompetenze matenee verglach, wat ee fir ee Bachelor maache muss, a wat mir maachen. Mir hunn och d'Zäit gekuckt, wéi vill een investéiert. Also, mir zéien dat net einfach esou aus der Täsch."

Handwierk soll net "de leschte Choix" sinn

D'Vereenegung vun Handwierksmeeschteren an Handwierksléiermeeschtere stéiert sech virun allem un der Tatsaach, datt jonk Leit dacks net e positive Choix fir d'Handwierk maachen, mee just do landen, well et - no engem schouleschen Echec - déi lescht Optioun ass.

De Christian Turk bedauert, datt een automatesch an d'Handwierk gedréckt gëtt, wann een an de Sproochen oder an der Mathé net gutt wier, ob een dat wëllt oder net.

Beim Handwierk géif et "eng ganz Bandbreet vu wonnerbare Beruffer ginn", an déi Jonk géife sech dann eppes eraussiche wou se mengen, datt se gutt dra sinn.

"Mee et ass awer ganz dacks, datt déi Jonk net onbedéngt dat do maache wollten. An dat ass awer e bësse schwiereg, well stellt Iech vir, Dir musst eppes maachen, wat Dir net wëllt maachen: da gëtt et schwéier."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Handwierk
Sensibiliséierung am Handwierk

Am Handwierk ginn et Attraktivitéitsproblemer an e Personalmangel. De Secteur misst sech nei erfannen, seet d'Chambre des métiers. Si hunn elo op engem Sensibiliséierungdag no Léisunge gesicht.

Tom Wirion
Konjunkturberiicht

D'Handwierksbetriber erwaarden eng Baisse vun hirer Aktivitéit a si mat Käschte konfrontéiert déi explodéieren. Dat schreift d'Handwierkerkammer an hirem Konjunkturbericht fir dat drëtt Trimester vum Joer.

Net verpassen

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen