Krich an der Ukrain Ukrain: Fir Déi Lénk ass e Friddensaccord den eenzegen Auswee

D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk seet si wier an engem Chamber-Debat iwwer de Krich an der Ukrain "falsch verstane ginn". D'Deputéiert vun Déi Lénk hat sech virun zwou Wochen an dem Debat dofir ausgeschwat, datt och Russland gewëssen "Sécherheetsgarantien" soll ugebuede kréien. Déi Ausso war an de sozialen Netzwierker op Kritik gestouss.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Nathalie Oberweis.jpg

D'Nathalie Oberweis seet, si hätt domat gemengt, datt een op e Friddensaccord misst hischaffen, deem och de Wladimir Putin kann zoustëmmen.

"Do gëtt jo jiddwereen eppes, an et kritt jiddwereen eppes bei esou engem Accord. Dat ass jo kloer. Soss géif et jo keen Accord ginn. An et ass dat, wat ech wollt soe mat 'Garantien': Datt een iergendwou e Kompromëss fënnt, wou déi zwee kënnen domat liewen. Et ass dat wat ech wollt soen."

An hiren Ae misst een no Méiglechkeete siche fir de Konflikt sou séier wéi méiglech op en Enn ze bréngen.

"Iergendwann eng Kéier kënnt et zu engem Friddensaccord. D'Fro ass: Wéi maache mer déi Zäit dotëscht esou kuerz ewéi méiglech fir esou mann ewéi méiglech Leed ze hunn. Natierlech kënne mer elo driwwer spekuléieren, ob [de Wladimir Putin] sech drun hält oder net. Ech trauen dem Här keng Sekonn. Mee mir mussen awer vu Friddensverhandlunge schwätzen a vun de Konditiounen, wéi mer kënnen dohi kommen."

Eng Méiglechkeet fir dohin ze kommen, wier zum Beispill, datt d'Ukrain eng NATO-Memberschaft ausschléisst, esou nach d'Nathalie Oberweis.

Méi zum Thema

Charkiw
Asaz vu Streebommen

An der Regioun ronderëm d'Stad Charkiw wiere Kanner op Spillplazen a Leit beim Akafen duerch russesch Streebommen ëm d'Liewe komm, dat géife Recherchë vun der Mënscherechtsorganisatioun Amnesty weisen.

Weess Kären
Honger an der Welt

Et misst alles dofir gemaach ginn, fir datt d'Ukrain sou séier wéi méiglech nees Weess a Käre kann exportéieren. Dat war de Message deen d'Staats- a Regierungscheffen haut um EU-Sommet zu Bréissel ginn hunn.

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen