Steiertabell D'CSV wëllt ganz héich Gehälter méi staark besteieren

Déi Chrëschtlech-Sozial wëlle Leit mat grousse finanzielle Moyene méi staark besteieren: Si schwätze sech dofir aus, Salairë vun iwwer 500.000 Euro pro Joer méi staark ze besteieren.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Claude Wiseler.jpg

De Claude Wiseler betount, seng Partei géif mat dëser Mesure bewosst just ganz héich Gehälter cibléieren. Lëtzebuerg misst de richtegen Equiliber tëscht Gerechtegkeet an Attraktivitéit fannen.

"Mir sinn e Land, dat wëllt Talenter unzéien, mir sinn e Land dat wëllt Firmen unzéien. Mir sinn e Land, dat wëllt attraktiv sinn. An dofir muss eis Steiertabell och fir déi Leit attraktiv bleiwen, déi gutt verdéngen."

D'CSV schléisst eng Ierfschaftssteier aus

D'CSV ass géint eng Ierfschaftssteier. Esou eng Stéier kéim mat senger Partei net a Fro, sou den CSV-Parteipresident. An de Claude Wiseler geet och net dovun aus, datt d'Parteibasis sech beim Opstelle vum Walprogramm fir eng Ierfschaftssteier asetzt. An den Diskussiounen an de Sektiouns- a Bezierkscomitéen hätt een deementspriechend kloer Echoe vun der Parteibasis kritt.

De fréieren CSV-President Frank Engel hat viru bal zwee Joer parteiintern fir Opreegung gesuergt, wéi hien d'Aféiere vun enger Ierfschafts- a Verméigenssteier an d'Gespréich bruecht hat.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Wiseler
Parteikongress

D'CSV wëllt an de nächste Wochen nei Proposen an der Steierpolitik maachen, huet et um Parteikongress geheescht. D'Partei krut och en neie Logo an domat eng nei visuell Identitéit.

Antoine Paccoud
Logement

Et feelt zu Lëtzebuerg un der Bereetschaft vu Proprietäre fir hir Terrainen an d'Vente ze ginn a bebauen ze loossen. Et géif deemno och näischt bréngen, de Bauperimeter ze vergréisseren, seet den Antoine Paccoud.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen