Generaldirekter Post Claude Strasser: Ausbau vum mobille 5G soll Enn des Joers ofgeschloss sinn

Bis Enn des Joers soll den Ausbau vum mobille 5G-Netz hei am Land ofgeschloss sinn. De Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post, wier zouversiichtlech, datt d'Post dat Zil, dat se sech ginn huet, erreecht. Parallel dozou ginn d'Aarbechten um Glasfaser-Reseau virun, do soll bis 2025 eng Couverture vun 90 Prozent vum Land erreecht ginn.

Maurice Molitor / rb

Claude Strasser
De Claude Strasser ass Generaldirekter vun der Post.

Bis 2025 sollen 90 Prozent vun de Stéit hei am Land Zougang zum Glasfasernetz hunn. Dat wier d'Ambitioun, seet de Post-Generaldirekter Claude Strasser am 100,7-Interview. Haut hu 77 Prozent vun de Stéit am Land d'Méiglechkeet, sech un d'Fiber unzeschléissen.

Parallel dozou geet den Ausbau vum mobille 5G-Reseau virun. Dee soll bis Enn des Joers ofgeschloss sinn. 5G géif net onbedéngt dozou féieren, datt d'Toun-Qualitéit vun den Telefonsverbindunge besser gëtt, esou de Claude Strasser. Mee dat léich net um Reseau:

"Dee gudden alen Handy aus Finnland (wéi een e virun 10-15 Joer kannt huet) huet ganz oft zu besserer Sproochqualitéit geféiert wéi mer se haut iwwer munch Smartphone kennen. Dat ass awer ganz einfach deem geschëlt, datt d'Mikroe respektiv d'Komponenten, déi an de Smartphonë fir d'Voix agebaut sinn, net méi forcement dorop ausgeriicht sinn. De Smartphone haut ass wierklech op den Daten-Trafic ausgeriicht."

A 5G investéieren wier déi richteg Entscheedung gewiescht

D'Decisioun vun der Post a béid Reseaue - also Glasfaser a 5G ze investéieren - wier richteg gewiescht, sou de Claude Strasser, och wann d'Investitiounen enorm sinn.

"Den Datekonsum geet an Zukunft esou an d'Luucht. Fir dat eleng iwwer de mobille Reseau alles ofzewéckele géif zu enorme Besoine féieren, wat d'Antennen ubelaangt. Dofir si mir dovun iwwerzeegt, datt an engem Haus, an enger Entreprise e festen Uschloss ëmmer wäert Bestanddeel bleiwen, an déi ganz Indoor-Couverture iwwer d'Glasfaser herno assuréiert gëtt."

De mobille Reseau wier dofir do, seet de Claude Strasser, eng gutt Couverture dobaussen - wann een ënnerwee wier - ze assuréieren, mee net méi.

Méi zum Thema

Claude Strasser a Serge Allegrezza POST
Wirtschaft

De Grupp Post huet d'Joer 2020 mat engem Netto-Benefice vu ronn 36 Milliounen Euro ofgeschloss. Dat ware fënnef Prozent manner wéi 2019. Beim operationelle Resultat war et eng Baisse vu 16 Prozent.

Claude Strasser
Mobille Reseau

Fir de 5G-Reseau wäerten nei Antennen opgehaange ginn, ouni datt aler erofgeholl ginn, erkläert de Generaldirekter vun der Post. Déi cumuléiert Emissiounswäerter géifen dem Claude Strasser no awer net an d'Luucht goen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen