Diskussion ëm IRMen D'AMMD warnt viru "Staatsmedezin"

D'Dokteschassociatioun AMMD warnt virun enger Medezin, déi komplett vum Staat kontrolléiert gëtt. Den AMMD-President Alain Schmit kritiséiert d'Gesondheetsversuergung géif haut schonn an deene Beräicher net funktionéieren, wou de Staat am meeschte Kontroll huet. Zum Beispill, wann een e Rendezvous fir eng Mammographie wéilt huelen.

Rick Mertens / rb

Dr Alain Schmit
Den Alain Schmit ass AMMD-President

D'Dokteschassociatioun AMMD warnt virun enger Medezin, déi komplett vum Staat kontrolléiert gëtt. Den AMMD-President Alain Schmit seet, hien hätt der Gesondheetsministesch hir Pläng fir déi medezinesch Strukturen uechter d'Land nei ze organiséieren zwar nach net am Detail gesinn. D'Paulette Lenert hätt awer ugedeit, datt IRMen an aner schwéier Apparater just a Strukture solle bedriwwe ginn un deenen d'Spideeler bedeelegt sinn.

D'AMMD bezeechent déi Approche als "Staatsmedezin":

"Dat ass dat, wourop et eraus leeft: Datt de Staat u sech alles vun uewen erof decidéiert, a kuckt, wéi et ze lafen huet. An dat gesi mir natierlech ganz kritesch, well mer justement aus dem bësse Staatsmedezin, dee mer haut schonn hu jo gesinn, wou d'Problemer leien."

Den Alain Schmit seet weider, datt déi Eckpunkte vun dem Projet de loi, deen d'Gesondheetsminitesch der AMMD matgedeelt hätt, an datt dat alles iwwer d'Spidol soll lafen, "definitiv eng schwéierfälleg Approche" wier: "[Et ass] eng planwirtschaftlech Approche, déi an der Vergaangenheet maassgeeblech zum Problem bäigedroen huet. Dofir kënne mer dat net novollzéien."

Dat géif sech zum Beispill bei de Mammographië weisen, seet den AMMD-President: Déi géifen elo scho praktesch komplett vu staatlecher Säit kontrolléiert ginn, an d'Patiente géifen dofir keng Rendezvouse kréien.

Hannergrond vun der Diskussioun ass de Sträit ronderëm en neien IRM an enger privater Praxis um Potaschbierg. D'AMMD hat der Gesondheetsministesch e Méindeg virgeheit si hätt an dem Debat hir "politesch Credibilitéit" verluer.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Paulette Lenert
IRM um Potaschbierg

No der Kritik vun der AMMD wëllt d'Paulette Lenert hir Reaktioun just op de Fong beschränken. D'Demande vum CHL fir de Centre médical bedreiwen ze dierfe wier eng noutwenneg Etapp fir en Accord ze fannen.

Alain Schmit AMMD
Communiqué vun der Doktesch-Associatioun

D'Diskussioun ëm déi radiologesch Privatpraxis zu Gréiwemaacher gëtt ëmmer méi gëfteg: d'Paulette Lenert hätt hir politesch Credibilitéit verluer, schreift d'AMMD de Moien an engem ganz schaarfe Communiqué.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen