Rechter vun LGBTIQ+ Persounen Rosa Lëtzebuerg fuerdert datt en drëtt Geschlecht agefouert gëtt

Lëtzebuerg ass zeréckgefall an engem Ranking, deen den Ëmgang mat de Rechter vun LGBTIQ+ Persounen bewäert. Den Andy Maar, Vertrieder vun der Asbl Rosa Lëtzebuerg, fuerdert net nëmmen, datt an der Verfassung dat drëtt Geschlecht unerkannt gëtt, mee och, datt sougenannt "Konversiounstherapien" hei am Land verbuede ginn.

Rick Mertens / rb

Andy Maar
Den Andy Maar ass Vertrieder vun der Asbl Rosa Lëtzebuerg.

D'Asbl Rosa Lëtzebuerg, déi sech fir d'Rechter vun Homo-, Bi-, Trans- an Intersex-Persounen asetzt, fuerdert, datt nach eng Ännerung un der neier Verfassung gemaach gëtt, déi am Moment an der Chamber gestemmt gëtt.

Et wier wichteg, datt dat neit Grondgesetz unerkennt, datt et net just zwee Geschlechter gëtt, esou den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg:

"An dem aktuellen Text steet zum Beispill nach ëmmer 'männlech' a 'weiblech', wou mir da warnen, datt een d'Villfalt vun de Geschlechtsidentitéiten do mat soll berécksiichtegen."

Den Aktivist fir d'Rechter vun LGBTIQ+ Persoune betount, datt wann dat net geschitt, da géif een d'Gefor lafen, datt déi nei Verfassung scho vereelzt wier, éier se iwwerhaapt a Kraaft trëtt: "Soss riskéiere mer do op Generatiounen nees déi binär Geschlechterrollen an der Verfassung ze zementéieren."

Rosa Lëtzebuerg: "Konversiounstherapien" gëlle verbueden

Therapien, déi Persoune wëlle vun hirer sexueller Orientéierung wëllen "heelen", missten zu Lëtzebuerg explizitt verbuede ginn:

"Dat ass e Verbuet, dat an Däitschland elo a Kraaft ass, wat a Frankräich a Kraaft ass. A mir soen do och ganz einfach: Et soll een net waarde bis d'Kand am spréchwuertleche Pëtz läit. Mir sollten do virgoen. Esou ee Verbuet wier relativ einfach ëmzesetzen. Do fäert een natierlech och e bëssen, datt wann et an de Nopeschlänner verbueden ass, datt et dann eng Zort Tourismus gëtt fir dat dann hei unzebidden."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Tom Hecker
Pride Week

Den Tom Hecker seet e wier "houfreg", datt Lëtzebuerg sech op EU-Niveau fir d'Rechter vun der LGBTIQ+ Communautéit agesat huet. Hien huet den Androck, datt d'Regierung et eescht mengt mat deenen Aussoen.

Demonstranten zu Warschau a Polen
LGBTIQ

En mars 2019, apparaissaient en Pologne, les premières localités autoproclamées "libres de toute idéologie LGBT". Le Parlement européen tiendra un débat sur le sujet et votera, jeudi, une résolution.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen