16,6 Millioune Passagéier 2021 ee méi normaalt Joer fir d'CFL

Nom Pandemiejoer 2020 war 2021 nees en éischt méi normaalt Joer fir d'CFL, och wann mat 16,6 Millioune Passagéier nach net de Niveau vu virun der sanitärer Kris erreecht gouf. Den Ëmsaz ass dann och fir d'éischte Kéier op iwwer eng Milliard Euro geklommen.

Jacques Ganser / rb

Marc Wengler
De CFL-Generaldirekter Marc Wengler. Foto: Archiv.

Lauschteren


Kloer, dat dës Zuele bei den CFL-Responsabele fir zefridde Gesiichter gesuergt hunn. E Benefice vu ronn 20,9 Milliounen Euro stellt en däitleche Plus par Rapport zum Pandemiejoer 2020 duer. Fir den CFL-Generaldirekter Marc Wengler géif een sech nees op de Niveau vu virun der Pandemie zréck schaffen:

"Am Resumé géing ech soen, datt nom dem Joer 2020 - wat jo staark markéiert war duerch d'Konsequenze vun der sanitärer Kris - mir 2021 e kloren Redressement konnte feststellen, an dat an all den Aktivitéiten."

De Persounentransport huet dobäi en Drëttel vum Ëmsaz ausgemaach. Och am Fret gouf et eng positiv Entwécklung. 92 Prozent vun den Zich ware pénktlech: Laut der CFL-Spëtzt e gudden Taux, vu déi vill Chantieren, Streiken an de Nopeschlänner an meteorologesch Challengen.

"Dat ass eppes kléngs manner wéi 2020 - do hate mer 94,5 Prozent. Dat war en aussergewéinlecht Joer wéinst dem Confinement, an deem mir hei zu Lëtzebuerg d'Offer deelweis bis op d'Hallschent hunn, an iwwer 40 Prozent Leit manner an den Zich haten. D'Offer an d'Frequentatioun si reduzéiert ginn an domat hate mer och duerch de Confinement manner Stéierungen haaptsächlech vu baussen."

Mat 311 Chantiersdeeg um Reseau an de grousse Projete vun enger neier Linn tëschent der Stad a Beetebuerg si Stéierungen net ganz auszeschléissen. Am Schnëtt falen dann och 15 vun den am ganzen 1000 Zich, déi all Dag verkéieren, aus. Hei géif een awer dru schaffen, dem Client e beschtméigleche Service och a Saachen Informatioun ze bidden. Eleng d'lescht Joer goufe fir d'Moderniséieren an den Ausbau vum Reseau eppes iwwer 288 Milliounen Euro investéiert.

Méi zum Thema

Marc Wengler
Mobilitéit

D'lescht Joer huet d'CFL zwou Millioune Passagéier méi transportéiert wéi 2020, seet de Marc Wengler. Et hätt een am Confinement zwar e groussen Abroch gehat, mee d'Trajectoire géif erëm no uewe weisen.

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen