Green Climate Fund 200 Milliounen Euro fir de Klimaschutz

Lëtzebuerg wäert op internationalem Niveau 200 Milliounen Euro iwwer déi nächst fënnef Joer fir de Klima investéieren. Doduerch solle Länner ënnerstëtzt gi fir sech de Konsequenze vum Klimawandel unzepassen an fir hir CO2-Emissiounen ze reduzéieren.

Isabel Scott / cbi

Green Finance
Symbolbild. Foto: Bigstock / Arthon meekodong

Vun dësem Investissement ginn 40 Milliounen Euro am multilaterale Kader agesat, notamment an de "Green Climate Fund". Lëtzebuerger ONGe kréie 25 Milliounen Euro zegutt fir d'Finanzéierung vu klimafrëndlechen Projeten an Partnerlänner.

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg betount, datt ee weider op privat Investisseuren ugewisen wier fir déi international Investitiounen an de Klimaschutz héich ze halen. Et wier wichteg net nëmmen Hëllef ze verspriechen, mee et misst een och konkret Modeller ausschaffen.

Déi meescht Hëllefe wäerten Direkthëllefen an direkt Investissementer sinn. "Dat wäert en décke Batz sinn", esou d'Carole Dieschbourg. Weider wäerten et och indirekt Projeten, Garantien, a Prête gi fir Partner aus dem private Secteur u Bord ze kréien, esou déi gréng Ëmweltministerin.

Méi zum Thema

Illustratioun Klimawandel
EU-Klimapak

D'Europäesch Kommissioun presentéiert haut ee ganze Pak vu Klimaschutz-Mesuren. Dozou gehéiert och den Ausbau vum Emissiounshandel. D'Iddi ass awer ëmstridden, souwuel ënnert den EU-Memberlänner an am Europaparlament.

Loftverschmotzung
EU-KLIMAPOLITIK

Muer stellt d'EU-Kommissioun ee Pak vun 12 legislative Propose vir, déi dofir suerge sollen, datt klimaschiedlech Emissioune bis 2030 ëm 55 Prozent reduzéiert ginn. Watt ass alles dran an deem Pak?

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen