12 Mënschen doud no Attack op Charlie Hebdo
Terroristesch Attack géint d’Redaktioun vun der franséischer satirescher Zeitung Charlie Hebdo : 12 Mënsche goufen de 7. Januar vun 2 bis 3 cagouléierte Männer mat Maschinnegewierer erschoss. Op Videoen héiert een se “Allahu Akbar” ruffen. An engem anere Video gëtt e blesséierte Polizist op der Strooss higeriicht. Duerno rifft een: “On a vengé le prohète” an “on a tué Charlie Hebdo”. Ënnert den Affer sinn ënnert aanerem de Chefredakter genannt Charb, esou wéi déi satiresch Zeechner Cabu a Wolinski. D’Zeitung gouf zënter Joere vu Poliziste geschützt, nodeems d’Bureaue vun der Zeitung 2011 a Brand gesat goufen. 2006 hat Charlie Hebdo Karikaturen vun enger dänescher Zeitung reproduzéiert déi de Prophet Mohammed mat enger Bomm um Kapp weisen.
Am Owespanorama vum 7. Januar goufen et éischt Aschätzunge vum Michel Erpelding, 100,7-Korrespondent zu Paräis :
Nom Attentat op Charlie Hebdo goufen a ville Länner Rassemblementer organiséiert fir virun allem den Verstuerwenen, Blesséierten an hiren Famillen a Frënn ze gedenken. Och zu Lëtzebuerg hunn eng Rei Journalisten a Sympathisanten spontan zu esou engem Rassemblement opgeruff. An eng gutt Partie Leit hu sech och um Krautmaart virum Bistrot de la Presse versammelt. Den David Winter war fir eis mat dobäi: