100 Joer CSV
De 16. Januar 1914 gëllt als Grënnungsdatum vun der CSV, der deemoleger Rietspartei. Wéi déi Chrëschtlech Sozial Vollekspartei hiren 100. Anniversaire dëst Joer wëll feieren, soll réischt decidéiert ginn, nodeems de Nationalkongress am Februar eng nei Equipe un d’Spëtzt vun der Partei gewielt huet, sou den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet op Nofro hinn.
Obwuel d’CSV réischt fir d’zweete Kéier an der Nokrichszäit an der Oppositioun ass, huet d’Partei mat ronnen Anniversairë während Oppositiounszäite mëttlerweil Erfahrung: Véier Méint nodeems d’CSV am Januar 1974 hire 60. Anniversaire gefeiert huet, war eng DP-LSAP-Regierung un der Muecht.
Am "Dossier vum Dag" kuckt d’Pia Oppel op ee Joerhonnert zréck, dat um politesche Plang ganz besonnesch vun dëser Partei geprägt gouf:
Den Interview mam Erna Hennicot-Schoepges, fréier Ministesch (1995 bis 2004) an CSV-Parteipresidentin (1995 bis 2003) iwwert d'Urspréng vun der Partei, d'Roll vun der Fra an der CSV an de Erneierungsprozess virun deem d'Partei elo steet:
Den Interview mam LSAP-Politiker an Historiker Ben Fayot iwwert déi politesch Dominanz vun der CSV am 20. Joerhonnert an d'Relatioun vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei zu hirem laangjäregem Koalitiounspartner:
Den Interview mam Historiker Michel Pauly iwwert d'Relatioun vun der CSV mat der Kierch an dem kathoulesche Glawen, an iwwert d'Relatioun vun der CSV zur Monarchie:
Den Interview mam Romain Hilgert, Journalist a Gérant vum Lëtzebuerger Land, iwwert d'Roll vum Lëtzebuerger Wort an der Geschicht vun der CSV: