1. Entrevue Glawensgemeinschaften - Regierung

Vertrieder vun de sechs konventionéierte Glawensgemeinschaften hate Rendez-vous am Staatsministère : et war een éischt Gespréich mam Premier- a Kultusminister Xavier Bettel, mam Finanzminister Pierre Gramegna mam Innen- a Fonction publiques-Minister Dan Kersch.

Déi nei Regierung huet jo wëlles d’Finanzéierung vun de Glawensgemeinschaften ze reforméieren an d’Relatioune tëschent de Gemengen an de Culten ze redefinéieren.

De Serge Kesseler huet no der Entrevue mam Jean-Claude Hollerich geschwat: den Äerzbëschof a President vun der Plattform vun de konventionéierte Glawensgemeinschaften iwwert den Inhalt vun der Réunioun mat den 3 Ministeren.

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Kierch-sk.mp3"]

 

An der relativ neier Plattform vertruede sinn déi Kathoulesch Kierch, déi jüdesch Gemeinschaft, zwou protestantesch Kierchen, déi anglikanesch Kierch an déi orthodoxesch Kierch.

Déi nächst Entrevue mat de Regierungs-Vertrieder ass fir de Mee geplangt, mat virdrun enger Aarbechtsplaze an internen Diskussioune bei de Glawensgemeinschaften.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen