Klassesch Musek ass deng Welt? Du wëlls deng Passioun deelen an d’Nolauschterinnen an d’Nolauschterer domat begeeschteren? Da bass du bei eis richteg! D’Ekipp vum opus 100,7 sicht en neie Member.
De Beruff am Beräich vum Museksjournalismus bitt Dir eng ganz breet Pallett un Erfarungen: Interviewe mat interessante Kënschtlerinnen a Kënschtler, nei Theemen, an déi s du dech eraschaffe kanns a Live-Moderatiounen am Studio esou wéi op an niewent der Bün. Och deng Kreativitéit ass gefrot: beim Ausschaffe vun neie Formater a Podcasten, beim Schreiwen, Ophuelen a Presentéiere vu ganz verschiddenen Theemen an an der Aart a Weis, wei s du déi klassesch Musek anere Mënsche méi nobrénge kanns. Doriwwer eraus vergeet kaum eng Woch, bei där s du net eppes Neies léiers oder spannend Leit kenneléiers. Dat alles an engem Radio, deen am Déngscht vun der Allgemengheet steet an am Kader vun enger sympathescher a motivéierter Ekipp.
Däi Profil:
- Du hues eng Leidenschaft fir klassesch Musek a gutt Kenntnisser vun der nationaler an internationaler klassescher Musekszeen.
- Du hues eng gutt Diktioun, beherrschs déi lëtzebuergesch Sprooch perfekt an hues gutt Kenntnisser am Däitschen, Engleschen a Franséischen.
- Du bass virwëtzeg, kreativ an hues Loscht komplex Theeme verständlech, spannend an emotional opzebereeden.
- Du bass e richtegen Teamplayer a gesäis d’Zesummenaarbecht als eng Quell vu Kreativitéit a Qualitéit.
- Am Beschten hues du e Schoulofschloss um Niveau Bachelor oder Master an/oder eng equivalent Beruffserfarung am Beräich vun der Musek, dem Journalismus oder de Medien.
Wat bidde mir Dir?
- En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 20 Stonnen d’Woch an e kompetitiivt Gehalt mat transparente Perspektiven.
- Du hues d’Méiglechkeet op Teletravail a profitéiers vu reegelméissegen internen an externe Formatiounen.
- Du schaffs an enger motivéierter Ekipp an engem kreativen an dynameschen Ëmfeld.
Interesséiert?
Wann déi Punkten Dech uschwätzen, da schéck eis Deng Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens de 10. Mäerz 2025 per Email un rh@100komma7.lu